Produzéier deng eegen erneierbar Energie mat de Plug-and-Play-Solarsets vu Robinsun!
D'Plug-and-Play-Solarsets vu Robinsun sinn Apparater fir Stotter, déi Solarenergie fir den Eegeverbrauch produzéieren. Eis Plug-and-Play-Solarsets sinn einfach selwer ze installéieren, ouni Hëllef vun engem Elektriker oder engem zertifizéierten Installateur. Wann s du en einfacht Miwwel zesummebauen an en Apparat an d'Steckdous stieche kanns, kanns du däi Plug-and-Play-Solarset a kuerzer Zäit sécher installéieren.
Déi einfach Installatioun vun engem Plug-and-Play-Solarset erméiglecht et jidderengem, duerch d'Produktioun vun erneierbarer Energie zu eisem Kampf géint de Klimawandel bäizedroen.
D'EU-Reglementer erlaben et, Sets mat enger Leeschtung vu bis zu 800 W vu ville Normen an Umeldungsflichten ze befreien. Fir als Plug-and-Play-Solarset ze gëllen, däerfe si dës Grenz vun 800 W net iwwerschreiden.
Mir hu Sets fir vill Installatiounsplazen, wéi Balkonen, Pergolaen, Maueren, Gäert oder flaach Diecher.
A fir d'Robinson Crusoeë vun dëser Welt, déi kreativ Bastler, bidde mir eise Robinsun Performance Basic Plug-and-Play-Solarset un, deen ouni eng Montage- struktur geliwwert gëtt an deen s du fixéiere kanns, wéi s du wëlls. Pass just op, datt s du däi Solarset sécher montéiers.
Andeems du e Plug-and-Play-Solarset keefs a Solarenergie an der Gesellschaft fërders, profitéiers net nëmmen du selwer dovun, mee och d'Ëmwelt.
D'Energietransitioun ass eng Missioun, déi eis alleguer ugeet.
Zesummegefaasst fërdert d'Produktioun vu Solarenergie mat engem Plug-and-Play-Solarset erneierbar Energien, déi d'Natur respektéieren an am Géigesaz zu Energie aus fossille Brennstoffer keng schiedlech Zäregasen ausstoussen.