
Monofazial oder bifazial Solarpanneauen - wéi eng si richteg fir dech?
Mir hu viru kuerzem eis Robinsun Performance Gamme ëm eng nei Zort Solarpanneau vun der Topmark Aiko erweidert. Dëse monofaciale Solarpanneau ergänzt eise bifaciale Solarpanneau vu QN Solar. Wéi ee Solarpanneau solls du also fir däi Plug & Play Solarkit wielen?
Wat ass den Ënnerscheed tëscht monofacialen a bifaciale Solarpanneauen?
Wéi den Numm et seet, ënnerscheede sech monofacial a bifacial Panneauen duerch d'Zuel vu Säiten, op deenen d'Solarzellen dem Sonneliicht ausgesat sinn. Bei monofaciale Panneauen ass dat nëmmen op enger Säit de Fall, bei bifaciale Panneauen op béide Säiten. Bei monofaciale Panneaue sinn d'Zellen op enger liichter, net transparenter Fläch befestegt, wouduerch de Panneau relativ liicht ass (ongeféier 20 kg). Fir datt d'Zelle bei bifaciale Panneauen op béide Säiten dem Sonneliicht ausgesat sinn, ass eng duebel Schicht aus gehäertem Glas néideg, wat d'Panneauen e bësse méi schwéier mécht (ongeféier 24 kg).
Bei bifaciale Solarpanneaue gëtt et eng Haaptsäit, déi déi uginn maximal Ausgangsleeschtung bestëmmt. Bei eisen aktuelle QN Solar Panneaue läit dës bei 420 Wp. Wann s du dee selwechte Panneau ëmgedréint géifs benotzen, géif en ongeféier 85% dovu produzéieren. De Virdeel vu bifaciale Solarpanneauen ass, datt si gläichzäiteg op béide Säite Stroum produzéiere kënnen. Dës zousätzlech Produktioun läit bei maximal 30%, wouduerch de QN Solar Panneau mat 420 Wp eng theoreetesch maximal Leeschtung vu 546 Wp erreecht, däitlech méi wéi déi 455 Wp vum Aiko.
Wéi eng Zort Solarpanneau ass fir wéi eng Uwendung am beschten?
Ob s du mat engem bifaciale Solarpanneau dës 30% zousätzlech Produktioun erreechs, hänkt dovun of, wéi vill Sonneliicht op d'Récksäit vum Panneau fält. Fir dës Produktioun ze maximéieren, soll de Panneau idealerweis op enger Distanz vun 1 m oder méi vun enger Fläch installéiert ginn. Dës Fläch muss d'Sonneliicht ganz staark reflektéieren. Eng wäiss Mauer oder e Pool voller Waasser reflektéiert vill, eng Wiss ganz wéineg. Wann s du also plangs, däi Kit op enger Pergola, engem Balkon mat engem transparente Gelänner oder no bei engem Pool ze installéieren, ass de bifaciale Panneau warscheinlech déi besser Optioun fir dech.
Wann s du plangs, de Solarpanneau op engem ZilleDaach oder op enger Wiss ze installéieren, wäert d'Récksäit vum Panneau warscheinlech net vill Stroum produzéieren, an e méi leeschtungsstaarke monofaciale Panneau ass déi besser Wiel fir däi Plug & Play-Solarkit.





















































