
Wéi s du deng Pergola an en Apparat verwandels, mat deem s du Stroum spu ers
Pergolae si ganz beléift a Südeuropa op Terrassen, Flaachdiecher oder a Gäert. Si sinn och eng ideal Plaz, fir däin Plug & Play Solarkit ze installéieren an eng gutt Quantitéit Solarstroum fir den eegene Verbrauch doheem ze produzéieren. Domat spuers du op denge Stroumrechnungen, well s du an de Sonnestonne manner oder guer kee Stroum aus dem Netz bezitts. Mat den neie bifazialen, komplett schwaarze Solarpanneaue vun eisem Robinsun Performance 800 gëtt deng Pergola souguer optesch opgewäert.
Wéi s du Solarpanneauen op denger Pergola installéiers
Eng Pergola ass normalerweis eng stabil Konstruktioun op festem Buedem, déi zimmlech vill Gewiicht droe kann. Well si Schiet spende soll, huet si warscheinlech schonn eng Ofdeckung, wéi eng Markis oder e Sonnenseegel. Solarpanneaue kënne ganz einfach op esou enger Struktur befestegt ginn, andeems een d'Panneauen uewen op d'Pergola leet an un hire Balleke festmécht. Du kanns d' Basisversioun vun eise Solarkitten wielen, déi ouni Halterung geliwwert gëtt, wann s du d'Geschier an d'Accessoiren hues, fir d'Panneauen an de Mikrowiesselriichter sécher un denger Pergola ze befestegen. Alternativ kanns du de Kit mat enger vertikaler Halterung bei 90 Grad huelen an dës horizontal op denger Pergola benotzen.
Wann s du d'Stroumproduktioun vun dengem Solarkit erhéije wëlls, probéier d'Panneaue mat engem Neigungswénkel vun 20 Grad z'installéieren. Mir bidden eng Halterung un, déi ursprénglech fir d'Installatioun um Buedem geduecht ass, hunn awer gesinn, datt vill Clientë se erfollegräich op Pergolae benotzen. Wéi s du an der Infografik hei drënner gesi kanns, erhéicht en Neigungswénkel d'Stroumproduktioun vun dengem Kit däitlech an domat och deng Erspuernisser.

Firwat produzéiert eng Installatioun op enger Pergola sou vill Stroum?
E Plug & Play-Solarkit op enger Pergola z'installéieren ass eng ganz sécher, stabil an optesch uspriechend Léisung. Den Haaptvirdeel ass awer, datt de Kit méi Stroum produzéiert, wann en op enger méi héijer Plaz an am beschte mat engem Neigungswénkel installéiert gëtt. Et ass och manner warscheinlech, datt Schiet op de Solarpanneau fält, wéi zum Beispill bei enger Installatioun um Buedem oder un engem Balkongelänner. Schiet reduzéiert d'Stroumproduktioun vum Kit.
Fazit
Eng Pergola ass eng exzellent Plaz, fir däi Plug & Play-Solarkit z'installéieren. Eng sécher a stabil Installatioun an eng ganz héich Stroumproduktioun maachen d'Pergola zu enger attraktiver Wiel. Normalerweis ass och eng Bausse-Steckdous disponibel, un déi de Kit einfach ugeschloss ka ginn. Mat enger héijer Stroumproduktioun kann sech de schonn niddrege Präis vun engem Plug & Play-Solarkit (ab 499 € inkl. TVA & Liwwerung) a Südeuropa a manner wéi 3 Joer amortiséieren. Sou kanns du de Rescht vun der 30-järeger Leeschtungsgarantie vun de Solarpanneaue vu gratis, 100% erneierbarer Energie profitéieren a vill op denge Stroumrechnunge spueren.


















































